



| Regelméisseg Terminer • All éischten Dënschten am Mount: openen Atelier Kanner an Erwuessener kënnen op den Haff kommen fir a gemitllecher a flotter Ambiance zesummen ze bastelen, ze molen, ze chillen. Ab 14 Auer 30 steet d'Dier op fir jiddereen. Normal Participatioun: 3 Euro • All leschte Sonnde vum Mount: Kaffëteg Loosst Iech e bësse verwinnen a genéisst e Moien bei eis um Haff. Kaffi drénken a lues an de Mëtteg erakommen. Ab 10 Auer sinn eis Diren op an da gëtt et vill Guddes aus der Regioun an aus Lëtzebuerg a Bio-Produiten. Präiss: Kanner no Alter gestaffelt, Erwuessener 15,50 Euro Aktivitéiten: • Kannergebuertsdeeg: Kommt a feiert bei eis. Mir informéieren Iech gären iwwert eis verschidde Méiglechkeeten
Couren: Wann Dir gäre regelméisseg iwwert eis Couren an eise Programm informéiert gitt, da schéckt eis eng Mail op isip@pt.lu a verpasst näischt méi, wat bei eis leeft. |
||
| >> ABRËLL 2017 | ||
| 14. Abrëll, 10–11 Auer 30 | Ouschtereeër fierwen Kuerz virun Ouschteren gëtt et elo Zäit d'Ouschtereeër ze fierwen, dëst mat Ënneschuelen a Biofaarwen. Em 10 Auer geet et lass. Dauer: 90 Minutten Präiss: 7,50 Euro (½ Dozen Eeër an eng kleng Ouschteriwwerraschong) |
|
| 15. Abrëll, 15 Auer 30 | Ouschtereeërsich fir d’Kanner Et ass d'Zäit d'Ouschtereeër ze sichen. Mir treffen eis dozou em 15 Auer 30. No der Sich drénke mer zesumme gemittlech eppes an iessen e Stéck Kuch. Präiss: Kanner 18 Euro (½Dosen Ouschtereeër, Tiitchen, Kado, Kuch a Gedrénks), Erwuessen 5 Euro (Kuch a Gedrénks) |
|
| 16. Abrëll, ab 11 Auer | Ouschteren um Kulturhaff Millermoler Ab 12 Auer gëtt zu Dësch gebieden. Wien Ouschtere keng Loscht huet ze kachen, ass bei eis gutt versuergt. Eng Zopp fir unzefänken, dono e regionalen Teller als Entrée. Uschléissend Ragout oder Ham, Gromperen an Zalot. Fir ofzeronnen en Dessert mat Kaffi. Präiss: Kanner 5,50/9,50 Euro (je no Alter), Erwuessen 32,40 Euro |
|
| >> MEE 2017 | ||
| 14. Mee, ab 9 Auer 30 | Billerbuch-Kaffi Gemittlech Kaffi drénke mat der Famill, ouni Stress an an engem flotte Kader. Dobei mat senge Kanner molen, Geschichten erzielen an erzielt kréien a sech einfach op déi flott Momenter mat senger Famill konzentréiere kënnen. |
|
| 19. Mee, ab 19 Auer | Eröffnung um Kulturhaff Millermoler Aweiong vun dem neie Gebei (19 Auer) mat Vernissage vun enger Ausstellong mat Fotografien (19 Auer 30). |
|
| 20. Mee, ab 14 Auer 30 | Kanner-Atelier: Kéis maachen All Kand mécht säin eegene Kéis a wann d'Wieder et erlaabt, da gi mer och dem Bauer seng Kéi kucken. Et gëtt vill Wëssenwertes iwwert d'Mëllech an de Kéis. E flotten Atelier fir d'ganz Famill. Präiss: pro Kand 15,50 Euro, Erwuessener 5 Euro Dauer: 2–3 Stonnen |
|
| 21. Mee | 10 Joer Kulturhaff Millermoler Mir feieren eisen 10 Gebuertsdag. Mëttegiessen mat Gebuertsdagskuch. |
|
| 25. Mee | Transfairdag op Christihimmelfahrt Produiten aus dem fairen Handel. Moieskaffi mat Produiten aus dem fairen Handel an aus dem ökologeschen Ubau. (Umeldong erfuerderlech) Ab 14 Auer Desserten mat Produiten aus dem fairen Handel. (keng Umeldong erfuerderlech) |
|
| 27. Mee, 15 Auer | Kanner-Atelier: Kraidergaart an der Këscht All Kand mécht säin eege klenge Gaart mat Kraider a Blummen. Präiss: pro Kand 15,50 Euro, Erwuessener 5 Euro Dauer: 2 Stonnen |
|
| >> JUNI 2017 | ||
| 6. Juni | Sprangprozëssioun Nom Sprangen ass den Honger grouss, dir braucht nach regional Produiten, dir braucht e bësse Rou fir Iech z'erblosen? Da kommt bei eis laanscht |
|
| 9. Juni, 15 Auer | Kanneratelier: Seefenatelier All Kand mécht sech eng eege Seef. Da mécht et och Spaass sech ze wäschen an et kann ee sech och emol knaschteg maachen. Präiss: pro Kand 15,50 Euro, Erwuessener 5 Euro Dauer: 2 Stonnen |
|
| 24. Juni, 11 Auer | Kanneratelier: regional Produite schmaachen + kachen D'Kanner léiere Produiten aus der Regioun Mëllerdall kennen ower och aus eisen zwee aneren Naturparken. Zesumme gëtt dann eng Pizza gemat an eng Kraiderlimonad. Präiss: pro Kand 18 Euro, Erwuessener bezuelen d'Iessen an d'Gedrénks Dauer: 2 Stonnen |
|
| an der grousser Vakanz 10–11 Auer 30 |
Summerprogramm fir d’Kanner: Dënschtes: Molen a Bastelen – all Woch en anert Thema Mëttwochs: Pabeier maachen Donneschtes: openen Atelier Freides: Bastele mat Makramé oder Pärelen Samschtes: Pizza maachen (geet eréischt um 11 Auer un) Vergiesst net, iech fir déi verschidden Deeg w.e.g. unzemellen. |
|
| >> JULI 2017 | ||
| 16. Juli, 9 Auer 30 | Billerbuch-Kaffi Gemittlech Kaffi drénke mat der Famill, ouni Stress an an engem flotte Kader. Dobei mat senge Kanner molen, Geschichten erzielen an erzielt kréien a sech einfach op déi flott Momenter mat senger Famill konzentréiere kënnen. |
|
| 29. Juli, 18 Auer | Grillowend Ufank: 18 Auer mat Apéro. Dono: de Grill bitt vill |
|
| >> AUGUST 2017 | ||
| 19. August, ab 18 Auer | Kiermesbal zu Hénkel Ufank: 18 Auer – ouni Umellong |
|
| 20. August, ab 11 Auer | Kiermes zu Hinkel Apéro ab 11 Auer – Mëttegiessen – Hämmelsmarsch ouni Umellong |
|
| >> OKTOBER 2017 | ||
| 7. Oktober, 18 Auer 30 | Fiederwäissen-Owend Schmaacht de Fiederwäissen vu Rousport a genéisst Flammkuchen oder Quiche. |
|
| 21. Oktober | Krimilesung Ouni Umellong, fräien Entrée |
|
| 28. Oktober, 14 Auer | «Trauliicht» – Ateliere fir d’ganz Famill – owes Fakelwanderung Flott Aktivitéiten em de Kürbis, Atelieren, Geschichten, Molen, … E flotten Dag fir déi ganz Famill. |
|
| 31. Oktober | «Trauliicht» – Programm – owes Fakelwanderung | |
| >> NOVEMBER 2017 | ||
| 18. November | Hierkenowend | |
| >> DEZEMBER 2017 | ||
| 2. Dezember | Träipenowend | |
| 10. Dezember, 15 Auer | Krëschtliesong fir déi Kleng De Wanter ass d'Zäit vun de Geschichten. E flotten Nomëtte fir d'Kanner mat e puer schéine Geschichten aus neie Bicher an engem Stéck Kuch an eppes ze drénken. Präiss: Kanner 7,50 Euro, Erwuessener: 5 Euro och ouni Umellong méiglech |
|
| 15. Dezember | Adventsowend | |
| 21. Dezember, 15 Auer | Krëschtbastelen D'Kanner bastele kleng flott Saachen fir Krëschtdag, dëst an enger flotter Ambiance mat Krëschtmusek. Zesumme mat hiren Elteren erliewe si e puer flott Stonnen. Präiss: pro Kand: 17,50 Euro, Erwuessener 6 Euro Dauer: 3 Stonnen |
|
| Umellen a weider Informatiounen kritt Dir bei eis iwwert den Telefon 53 27 73 oder per E-Mail: isip@pt.lu | ||