




De Kulturhaff Millermoler ass e privat geféierten Haff, deen d’Famill Schiltz mat vill Léift renovéiert huet an ënnerhält. A puer Beräicher agedeelt bidd en eng Plaz, wou ee sech als Eenheemeschen ower och als Tourist wuel fille kann.
An engem flotten Ambiente huet een hei d’Méiglechkeet e puer flott Stonnen ze verbréngen, sech gesond z’ernieren an déi gutt Landloft ze genéissen.
D’Famill Schiltz steet Iech gären zur Verfügung fir all Informatiounen, déi Dir braucht. Op eisem Site hei informéiere mer Iech iwwert déi verschidde Beräicher.
De Kulturhaff Millermoler läit am ënnschte Sauerdall a gehéiert nach zur Regioun Mëllerdall. Nëmmen e puer Minutte mam Auto vun eis ewech läit d’Girsterklaus, eng vun eise lëtzebuergesche Wallfahrtsplazen.